Eis Produiten


Mir bidden eng Villfalt vu lokal Produiten un.

Eist Gebeess

D'Gebeess gëtt um Haff mat frëschem a héichwäertegen Uebst produzéiert. Mir kachen eist Gebeess a Glieser um Haff an, domat kënne mir garantéieren dass Gebeess laang haltbar ass an de Goût konservéiert gëtt. Mir bidden eng breet Palette vu Gebeess Zorten un, wéi zum Beispill Äerdbier, Hielënnerbléien, Rout Friichten a nach vill méi. Dir kënnt tëschent zwou Gréisste vu Glieser wielen: 110gr a 410gr, sou kënnt Dir déi Quantitéit wielen déi am Beschte bei är Besoine passt.


Entdeckt all Gebeesszorten


Eis Nuddelen

Eis hausgemaachen Nuddelen aus frëschen Eeër ginn et a verschiddene Zorte wei zum Beispill Spirelli, Radiatori, Macronelli an nach méi. Dës Nuddele si verfügbar a praktesche Päck vun 250gr a 500gr.

Nieft frëschen Eeër sinn d'Haaptbestanddeeler vun eisen Nuddelen Hartweizengrieß a Salz. Hartweizengrieß ass eng Zort vu Weess déi en héije Glutengehalt huet, wat eng fest an elastesch Textur ergëtt wann een se als Deeg verschafft. Um Gehaanshaff wiele mir d'Ingrediente vun eisen Nuddele suergfälteg aus fir eng héich Qualitéit a gudde Goût ze garantéieren.

 

Entdeckt eis Nuddelen aus frësch Eeër


Eise Quinoa

Mir produzéieren eise Quinoa op 12 Hektar Felder, ouni Herbiziden ze benotzen. Um Gehaanshaff engagéiere mir eis fir eng verantwortlech an ëmweltfrëndlech Landwirtschaft, dofir hunn mir eis dozou entscheet eise Quinoa net chemesch ze behandelen, mee d'Onkraut mechanesch a manuell ewechzehuelen.

Mir sinn houfreg eise Quinoa an de Supermarché "Cactus", e puer Maison Relais an an aner kleng Epicerien ze liwweren. Eis Offer gouf viru kuerzem erweidert a mir bidden elo och Quinoa Granola Baren un, déi eng nei Produktlinn fir eise Bauerenhaff sinn.

 

Entdeckt eise Quinoa


Eis Ueleger

De Bauerenhaff produzéiert Raps- a Sonneblummenueleg, aus Sonneblummen a Raps vun eisen eegene Felder. Mir si stolz drop eise Clienten héichqualitativ, kal gepressten Ueleger ouni Chemikalien ze bidden. Mir sinn iwwerzeegt datt eng gutt Qualitéit vun der Matière Première essentiel ass fir gesond a lecker Ueleger ze produzéieren.


Entdeckt all eis Ueleger


Eis frësch Produiten

Op eisem Bauerenhaff kommen all déi frësch Produite wéi d'Eeër oder d'Mëllech vun eise 65 Kéi a 650 Hénger. Frësch Mëllech gëtt op eiser lokaler Mëllechtankstell, déi direkt beim Bauerenhaff läit. D'Mëllech gëtt a Glasfläschen ausgedeelt fir onnéideg Verpackungen ze vermeiden. Eis Eeër a saisonal Geméis ginn et och am Automat deen nieft dem Haff sinn, souwéi am Automat Globus Baumarkt zu Beetebuerg. Mir si frou eis Produkter mat eise lokale Clienten ze deelen an zu verantwortungsvollen an nohaltege Liewensmëttel bäizedroen.

 

Kaaft eis frësch Produiten: Mëllech, Eeër, saisonal Geméis

 
Eis Produite kaafen

Wou kënnt Dir eis Produiten fannen