Den Haff


De Gehaanshaff gouf 1925 zu Beetebuerg gegrënnt an ass e Familljebetrib dee vu Papp op Jong weiderginn ass. De Gilles huet de Betrib 2017 vu sengem Papp iwwerholl, domat ass hien déi véiert Generatioun déi de Bauerenhaff féiert.

Ee Familljebetrib


Mir si stolz eis em 65 Kéi hei um Bauerenhaff ze këmmeren an hinnen déi beschtméiglech Betreiung ze ginn. Zanter ëmmer hunn mir selwer Weess, Geescht a Mais ugebaut fir eis Déieren mat lokalen a gesondem Iessen ze fidderen. Schonn an den 1950er Joren hu mir eisen eegene Mähdrescher benotzt fir eis Récolten ze sammelen an och eise Clienten dëse Service unzebidden.

Mir si ganz houfreg dorop, dass de Gehaanshaff, vun ursprénglechen 12 Häff, deen eenzegen ass deen nach iwwreg ass zu Beetebuerg.

Zënter 5 Joer ass de Gehaanshaff zertifiéiert Gentechnik-fräi, fir zu enger verantwortungsvoller an nohalteger Landwirtschaft bäizedroen.

Eis Mëllechkéi

De Betrib sträicht mat Hëllef vun engem Sträichroboter 65 Mëllechkéi vun der Rass Holstein a Fleckvieh. E groussen Deel vun der Mëllech gëtt an eng Molkerei geschéckt, wärend e klengen Deel direkt un d'Clienten iwwer eis Mëllechtankstell verkaaft gëtt. D’Mëllechtankstell funktionéiert mat Glasfläschen, dëss ginn frësch sur place gefëllt an erlaben dem Client et ouni Verpackung op de Site ze kommen.


Eis Hénger

Am Mäerz 2020 huet de Bauerenhaff säin éischte mobillen Héngerstall kritt, duerno een zweeten am Juni 2021. Am Kader vun dëser Erweiderung goufen och zwee Eeërautomaten installéiert. Am Joer 2020 huet de Bauerenhaff och ugefaangen hausgemaachen Nuddele mat Eeër aus hirer eegener Zuucht ze produzéieren. Haut verkeeft de Bauerenhaff d'Eeër vu 650 Hénger.


Eise Quinoa

2021 huet de Bauerenhaff mat 1,2 Hektar Quinoa ugefaangen, 2023 gouf d'Produktioun op 12 Hektar ausgebaut. An der Tëschenzäit liwwert de Gehaanshaff säi Quinoa an de Supermarché "Cactus", e puer Maison Relais an an aner kleng Epicerien. Zousätzlech goufe viru kuerzem Quinoa Granola Baren agefouert, wat eng nei Produktlinn ass.


parallax background

Gilles Biver

De Gilles Biver huet de Familljebetrib vu sengem Papp 2017 iwwerholl an ass déi véiert Generatioun déi de Bauerenhaff feiert.

Hien huet mobill Héngerställ op sengem Haff integréiert fir den Hénger een natierleche Liewensraum ze bidden a senge Clienten Eeër aus Fräilandhaltung ze proposéieren. 2021 huet de Gilles mat 1,2 Hektar Quinoa ugefaangen an 2023 gouf d’Produktioun op 12 Hektar ausgebaut. De Gehaanshaff liwwert säi Quinoa an de Supermarché “Cactus”, e puer Maison Relais an an aner kleng Epicerien. Dës innovativ Approche weist dem Haff säin Engagement fir zu enger verantwortungsvoller an nohalteger Landwirtschaft bäizedroen.


Eis Produiten

Eise Bauerenhaff bitt Iech eng Vilfalt vu Produiten un,
déi aus eiser eegener Produktioun kommen